CGDISEe Blesséierte bei Accident op der A13

RTL Lëtzebuerg
Op der Collectrice du sud tëscht Diddeleng a Keel ass e Sonndeg géint 21.45 Auer en Auto an de Gruef gaangen. Eng Persoun ass blesséiert ginn.

D'Pompjeeën aus dem Réiserbann a vu Beetebuerg waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Beetebuerg.

Géint 18.20 Auer waren am Rond-point Gluck Direktioun Rocade zwee Autoen anenee gerannt. Keen ass verwonnt ginn. D'Stater Pompjeeën, de Samu an d'Ambulanz goufen an den Asaz geruff.

Kuerz virun 18 Auer e Sonndeg den Owend gouf et dann nach e Feier op engem Balcon an der rue du dix octobre zu Bäreldeng. Hei ass kengem eppes geschitt. D'Pompjeeë vu Walfer an aus der Stad haten d'Feier séier am Grëff.

Back to Top
CIM LOGO