112Ee Blesséierte bei Noutem, Rettungshelikopter bei Rued-Syr

RTL Lëtzebuerg
All Kéiers ee Blesséierte gouf et bei Accidenter bei Rued-Syr an zu Noutem.
© RTL Archiv

No engem Accident tëschent Rued-Syr a Banzelt e Méindeg de Moie géint hallwer 9 war de Rettungshelikopter mat Samusdokter am Asaz, mellt den 112. Zwee Autoe waren anenee gerannt an eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Méi Informatioune ginn et bis ewell keng.

Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierte vun e Sonndeg den Owend, wéi géint 22.30 Auer tëscht Noutem an dem Schumannseck en Auto an de Gruef gaangen ass.

Scho géint 18 Auer e Sonndeg den Owend war zu Rëmeleng en Automobilist mat sengem Gefier an e Potto gerannt. Hei war de Samu mat am Asaz, ma hei war awer Kengem eppes passéiert.

Um 16.10 Auer e Méindeg de Mëtteg hate sech dann op der N4 tëscht Leideleng an der Cloche d’Or 2 Autoen ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert. D’Ambulanz vu Beetebuerg an d’Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO