
E Motocyclist war zu Schëffleng mat senger Maschinn gefall.
Op e puer Plazen am Land hat et iwwerdeems gebrannt. Kuerz no 17 Auer stoung en Objet zu Wolz an der Strooss Op Baessent a Flamen. Zu Helsem an zu Bieles huet Gehecks gebrannt, zu Bieles eng Poubelle a bei engem Feier um Howald an de Rue August Scholer gouf kuerz 1 Auer an der Nuecht op e Méindeg eng Persoun bei engem Brand an engem Appartement um Houwald verwonnt.
E Méindeg de Moie géint 8.15 Auer koum et dann nach zu Rammeldang am Beiebierg zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Hei gouf eng Persoun verwonnt.