
Weider Detailer ginn net genannt. Eng Persoun wier hei blesséiert ginn. Am Asaz waren d’Pompjeeë vun Diddeleng an Esch, grad ewéi eng Ambulanz vun Diddeleng.
Um Méindeg de Moie géint 7.20 Auer ass tëscht Kielen an Nouspelt en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Eng Ambulanz vu Mamer an d’Pompjeeë vu Kielen waren am Asaz.
Ee weidere Blesséierte gouf et da géint 7.45 Auer op der A1 Richtung Stad, wéi e Motocyclist gefall ass. D’Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng waren am Asaz, grad ewéi eng Ambulanz vun Diddeleng.
Bei engem Accident tëscht Ollem a Capellen ass et da géint 10.30 Auer beim Materialschued bliwwen, wéi en Auto an e Bam gerannt ass.