Ënner Alkoholafloss mam Auto gefuerEe flüchtege Chauffer gepëtzt, een aneren hat hannert dem Steier geschlof

RTL Lëtzebuerg
Nieft 86 Automobilisten, déi am Kader vun Alkoholkontrolle vum Parquet kontrolléiert goufen, hunn eng Rei weider Chauffere missten de Permis ofginn.
© RTL

Géint 15 Auer en Dënschdeg de Mëtteg koum et an der Rue Antoine-François van der Meulen zu Dummeldeng zu engem Accident, bei deem ee vun de Chauffer Farerflucht gemaach huet. Am Kader vun der Sich konnt de flüchtege Won méi spéit vun de Beamten ermëttelt ginn. Bei der Kontroll war den Alkoholtest vun der Automobilistin positiv ausgefall, wouropshi si de Fürerschäin huet missen ofginn.

Um CR121 zu Jonglënster war géint 20.25 Auer e Chauffer a Schlaangelinnen ënnerwee. Och hei hat d’Automobilistin ze déif an d’Glas gekuckt. Géint si gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

An der Nuecht op e Mëttwoch war de Poliziste bei enger Alkoholkontroll zu Iernster de Geroch vu Cannabis aus engem Auto entgéint komm. Den Drogentest war deementspriechend positiv an de Permis gouf agezunn.

Um fréie Mëttwoch Moie war enger Patrull an der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier en Auto opgefall, bei deem de Motor gelaf ass, de Chauffer hannert dem Steier awer de Kapp hänke gelooss huet. Wéi sech erausgestallt huet, war den Automobilist hannert dem Steierrad ageschlof a stoung ënner Alkoholafloss. Och hei gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Alkoholkontrolle vum Parquet

En Dënschdeg hat d’Police op Uerder vum Parquet Alkoholkontrollen zu Amber an zu Iernster duerchgefouert. Vu 86 kontrolléierte Chauffere war den Test 2 Mol positiv, eng Kéier gouf de Permis agezunn. Donieft goufe 5 Avertissements taxés wéinst aneren Infraktiounen, déi géint de Code de la Route verstoussen, ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO