Visioun fir déi Europäesch LandwirtschaftEe Joer duerno: Ass de Secteur méi attraktiv a resilient?

Céline Eischen
Virun engem Joer huet de Lëtzebuerger Landwirtschafts EU-Kommissär Christophe Hansen seng Visioun fir d’Landwirtschaft an der EU virgestallt.
Visioun fir Europäesch Landwirtschaft: Ass de Secteur méi attraktiv a resilient?
Virun engem Joer huet de Lëtzebuerger Landwirtschafts EU-Kommissär Christophe Hansen seng Visioun fir d’Landwirtschaft an der EU virgestallt.

De Secteur soll méi attraktiv, kompetitiv a resilient ginn, dat och fir méi Jonker fir Beruffer an der Landwirtschaft ze gewannen. Ma wéi gesinn déi d’Visioun no engem Joer um Terrain? A wat seet déi politesch Oppositioun?

Leschten Donneschdeg, zu Tandel op engem Bauerenhaff: Am Stall huet wärend eisem Interview grad eng Kou gekaleft. Et si wuel Momenter wéi déi hei, wéinst deenen de Charel seet, datt säi Beruff Bauer dee Schéinsten op der Welt ass. Och wann d’Visioun vun der Europäescher Landwirtschaft vum Christophe Hansen ee Schratt an déi richteg Richtung wier, esou géifen d’EU-Budgetskierzunge besonnesch deene jonke Bauere Suerge maachen, esou de Charel Ferring, President vun der Landjugend an de Jongbaueren:

“Op der enger Säit wëlle mer awer Jonken Zouversiicht zouschwätzen, fir kënnen ee Betrib ze iwwerhuelen, an op där anerer Säit gi mer awer un de Stull seeë mat de Suen, deen awer vill Betriber awer déi lescht Jore finanziell ënnerstëtzt huet a virun allem och an hirer Entwécklung weiderbruecht huet. An ech mengen dat sinn awer Punkten, déi een als Jonke staark belaascht.”

Nëmmen 12% vun de Baueren an Europa hu manner wéi 40 Joer: Méi Innovatioun a Resilienz sollen d’Landwirtschaft méi attraktiv maachen. Ma do léichen awer nach ëmmer vill Steng am Wee:

“Engersäits schwätze mer dovunner, et kritt ee vläicht och nach Subsid dorobber vum Landwirtschaftsministère, fir nei innovativ Iddien erunzebréngen, op där anerer Säit kritt ee se dann awer net geneemegt, oder et huet een aner Prozeduren, déi een dann awer rëm aschränken. An da stellen ech mir perséinlech d’Fro, mir dierfe vläicht net esou weidermaache wéi mer geschafft hunn, mee eppes Neies dierfe mer awer och net maachen. An do fannen ech et schwiereg, dass d’Politik dann awer am selwechten Otemzuch seet, mir brauche méi Jonker. Ech mengen dat ass kloer, dass do iergendwou dertëschent sech jiddereen d’Fro stellt, dat gëtt kee Sënn.”

De Kommissär Hansen wier vill um Terrain, dat misst een him gutt halen. An awer geet seng Landwirtschafts-Visioun an den Ae vun deene Gréngen net wäit genuch, mengt d’Tilly Metz:

“Wat elo wierklech Ëmweltschutz, Klimaschutz, Déierewuel ugeet, do ass séier wéineg. Op d’Déierewuel, do verweist en ëmmer dann op säi Kolleeg, Kommissär, deen dat och a sengem Titel huet, wëssentlech awer, datt d’Landwirtschaft och zu engem groussen Deel responsabel ass, notamment iwwert d’Déierenhaltung, Déieren-Transporter hunn och mat der Landwirtschaft ze dinn, do ass séier wéineg.

D’Responsabilitéit vum Ëmwelt- an Déiereschutz soll dann och net un déi eenzel Memberstaaten ofgetruede ginn: Dat wier net dee richtege Wee fir Europäesch Klimaziler ze erreechen.

Jonk Baueren ënnerstëtzen

E Méindeg den Owend war de Christophe Hansen Gaascht am Journal. Hei huet de Landwirtschafts EU-Kommissär ënner anerem betount, jonke Baueren de Beruff méi attraktiv ze maachen a si ze ënnerstëtzen, sief et duerch méi finanziell Mëttel oder manner Paperassen. Donieft war och d’Mercosur-Ofkommes Theema.

Christophe Hansen am Journal: Jonke Baueren entgéintkommen
E Méindeg war de Christophe Hansen Gaascht am Journal. Hei huet de Landwirtschafts EU-Kommissär ë.a. betount, jonke Baueren de Beruff méi attraktiv ze maache

Back to Top
CIM LOGO