
No de rezente Reproche vu Mobbing, schlechtem Management an enger verfréiter Fermeture vun enger Expo, gehäit elo eng parlamentaresch Fro vun der CSV un den DP-Kulturminister Eric Thill nees nei Froen op. Des Kéier geet et ëm d’Fotoaustellung “Family of Man” vum Edward Steichen, déi zanter 1994 zu Clierf ze gesinn an zanter 2003 en UNESCO-Weltkulturierwen ass.
Rieds geet vun enger “kontinuéierlecher Verschlechterung” vun de Konditioune ronderëm d’Ausstellung, fir déi den CNA responsabel ass. Amplaz vu fest-agestallte Leit, géing den Accueil vun externe Sécherheetsagenten assuréiert ginn. Dat hätt een Impakt op den Encadrement vun de Visiteuren. Den CNA-Direkter weist sech iwwerrascht iwwer déi Aussoen.
“Dat si schonn iwwer all déi leschte Joren keng direkt ugestallte vum CNA gewiescht. Dat heescht do ass guer keng Ännerung komm. Ech verstinn och net wou dat dote lo hierkënnt. Dat eenzegt wat mer gemaach hunn, mir hunn eis permanent Ekipp zu Clierf verstäerkt.”
Zanter leschtem Joer wier eng zweet fest Persoun zu Clierf, präziséiert de Gilles Zeimet. An der parlamentarescher Fro vun den CSV-Deputéierte Stéphanie Weydert a Jean-Paul Schaaf ginn och Problemer mat der Klimaanlag am Summer zejoert ugeschwat. Déi wieren eréischt am Wanter behuewe ginn. Den Direkter confirméiert, et goufe Problemer mat engem vun zwee Kompresser vun der Klimaanlag. Si hätt awer zu all Moment weider funktionéiert. D’Fotoen hätten och kee Schued dovunner gedroen.
“Do war zu kengem Moment Wierker en danger. Déi Klimawäerter waren déi ganzen Zäit assuréiert. Mir hunn och fir d’Ënnerstëtzung vun deene Klimawäerter nach eng Kéier en Deshumificateur eragesat.”
D’lescht Woch eréischt stoungen den DP-Kulturminister Eric Thill an den Direkter vum CNA den Deputéierten an der parlamentarescher Kulturkommissioun Ried an Äntwert. Dat nodeems Ugangs Februar an der Press vu Mëssmanagement a Mobbing am CNA ze liese war. D’Mobbingvirwërf léist de Gilles Zeimet, deen zanter Hierscht 2023 Direkter ass, net gëllen.
“Et ass mäi Rôle als Direkter, Situatiounen déi net gutt funktionéieren an de Grapp ze huelen a wierklech och Léisungen ze fannen. Ech wëll awer wierklech betounen, datt et ëmmer gemaach gëtt an engem Respekt. An do gëtt et einfach keng Situatioune vu Mobbing, ech fannen dat och eppes, wat ech guer net wëll toleréieren.”
Vill Decisioune wieren iwwerdeems scho viru senger Zäit geholl ginn, zum Beispill en neien Organigramm. Datt Leit decidéieren, sech wärend engem Moderniséierungsprozess berufflech ëmzeorientéieren, wier normal. An dat wier och geschitt.
Fréier an och aktuell Mataarbechter vum CNA gesinn dat anescht. Déi Leit wieren net fräiwëlleg gaangen, si wiere gaange ginn, esou ee Mataarbechter deen anonym wëll bleiwen RTL géintiwwer. Dat géing awer net nëmmen um Direkter leien, mee och un der Direktioun vun de Ressources humaines.
Zwou Persoune sinn aktuell an enger Procedure de protection am Zesummenhang mat de Mobbing-Virwërf, huet de Kulturminister d’lescht Woch an der zoustänneger Chamberkommissioun confirméiert. Véier Persoune mat engem Responsabel-Posten hunn an där Zäit, wou de Gilles Zeimet Direkter ass, gekënnegt. Och an enger interner Etude de satisfaction, déi zejoert realiséiert ginn ass, kënnt de Management net gutt ewech. D’Bengele bei d’Tromm geheien, wëll de Gilles Zeimet awer net.
“Déi Conclusioun déi ech draus gezunn hunn, dat ass, datt ech nach muss e weideren Effort maachen, och nach weider nozelauschteren. Ech si wierklech iwwerzeegt, datt mer hei nach weider Changementer brauchen. Mee ze soen, ok, do nach eng Kéier wierklech en Effort maachen, nach eng Kéier méi kloer och meng Iddien ze kommunizéieren, fir deen Dialog do nach eng Kéier ze optiméieren.”
Op Grond vun der aktueller Situatioun huet de Kulturministère eng Analys vun de psychosoziale Risiken beim Centre de gestion du personnel et de l’organisation de l’État (CGPO) an Optrag ginn. Och de sougenannte Comité d’accompagnement gëtt nees agefouert. Esou ee Comité gouf et och schonns zu Zäite vum Gilles Zeimet sengem Virgänger, dem Paul Lesch. Dee Comité soll den CNA bis Enn des Joers begleeden.
Iwwer den Audit a Personalfroen gëtt den 11. Mäerz am Huis Clos an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert.