Stater GemengerotFabricio Costa ersetzt d'Linda Gaasch als Conseiller

RTL Lëtzebuerg
Weidere Remaniement am Stater Gemengerot, dës Kéier an der Fraktioun vun Déi Gréng.
De Fabricio Costa gouf e Méindeg vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer als neie Gemengeconseiller vereedegt.
De Fabricio Costa gouf e Méindeg vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer als neie Gemengeconseiller vereedegt.
© VDL - Mick Drulang

Hei ersetzt den 30 Joer ale Fabricio Costa d’Linda Gaasch, déi 5. Gewielt bei de Walen 2023 war. De Fabricio Costa war deemools de 7. Gewielte knapp hannert der Liudumila Candé.

E Méindeg am Nomëtteg gouf de grénge Politiker vun der Stater Buergermeeschtesch als neie Stater Conseiller vereedegt. D’Linda Gaasch war zanter 2019 am Stater Conseil vertrueden an huet perséinlech Grënn fir “eng Paus an der éischter politescher Rei” ugefouert.

De Fabricio Costa schafft als Attaché fir déi gréng Fraktioun a war virun 2 Joer an den Europa-Walen nieft dem Tilly Metz Co-Spëtzekandidat.

Liest hei dat offiziellt Schreiwes
Assermentation de Monsieur Fabricio Costa au Conseil communal de la Ville de Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO