Wéineg DetailerEe leschte Regierungsrot um Mëttwoch de Moien

RTL Lëtzebuerg
D'DP, d’LSAP an déi Gréng ware fir eng leschte Kéier als Regierungskolleegen am Conseil beieneen.
Ee leschte Regierungsrot um Mëttwoch de Moien
D’DP, d’LSAP an déi Gréng ware fir eng leschte Kéier als Regierungskolleegen am Conseil beieneen.

Leschte Regierungsrot / François Aulner

De Familljeminister Max Hahn, dee fir d’DP och an der nächster Regierung e Ministerposte soll kréien, huet um RTL-Mikro betount, et misst een d’Vertrauensbasis mat der CSV respektéieren an dowéinst kéint hie keng Detailer nennen.

De Max Hahn

D’Yuriko Backes muss de Finanzministère un d’CSV oftrieden. Si sot, si hätt sech ganz vill ugestrengt déi lescht 2 Joer, a ganz schwéieren Zäiten den Job esou gutt ze maachen ewéi méiglech an elo kréich se eppes aneschtes proposéiert, wou si sech op den neien Defi géing freeën. Op d’Fro, wéi ee sech d’sougenannt “Eckdaten” virstelle kann, déi d’DP- an d’CSV-Gremien aus dem Koalitiounsaccord presentéiert kréien, ass d’Yuriko Backes bedeckt bliwwen.

D’Yuriko Backes

Virum leschte Regierungsrot vu Blo-Rout-Gréng gouf et fir d’DP och Kritik vun den Ex-Regierungskolleegen: De François Bausch huet um RTL-Mikro awer besonnesch un d’Beamten erënnert, déi loyal onofhängeg vum Minister hir Aarbecht maachen, déi sollten net réischt 24 Stonne virdru gewuer ginn, wien dann elo hiren neie Chef gëtt.

De François Bausch

Back to Top
CIM LOGO