
En alkoholiséierte Mann hat een anere Client ugegraff. D'Police wollt de Mann zu Ried stellen, deen awer ëmmer méi aggressiv reagéiert huet. Verstäerkung huet misse geruff ginn a well e sech partout net berouege wollt, koum Pefferspray an den Asaz. Hien koum an Arrest fir sech ze berouegen. Et gouf protokolléiert.