
Wéi d'Pompjeeën ukoumen, hat de ganzen Daach vum Haus gebrannt. Esou steet et an engem Communiqué vum CGDIS am spéiden Nomëtten. De Risiko, dass d'Féier sech hätt kéinten op d'Nopeschgebaier ausbreeden, wär grouss gewiescht, heescht et. Dofir kruten déi gréisstendeels fräiwëlleg Pompjeeën Hëllef.
Kuerz no 14 Auer war d'Feier ënner Kontroll. Déi definitiv Läschaarbechte hunn awer nach méi Zäit an Usproch geholl. Eng Persoun ass liicht blesséiert ginn, wéi si eng Dir opgebrach huet, fir an d'Haus eranzekommen.
Am Ganzen waren 60 Pompjeeën vu Wuermer, Mäertert, Kanech, Nidderaanwen, Réimech, Fluessweiler a Jonglënster am Asaz. Donieft och d'Ambulanze vu Réimech, Mäertert e Jonglënster.

Da gouf et e Sonndeg an der Mëttesstonn en Accident tëscht zwee Motorrieder, wou den Rettungshelikopter huet missen an den Asaz fléien. Kuerz virun 13 Auer hate sech zwee Motorrieder op der Streck tëscht Wolz a Kautebaach ze paken kritt. Zwou Persounen goufen blesséiert.
Um Käler Potto kuerz no14 Auer en Auto accidentéiert. De CGDIS mellt ee Verwonnten. Ee Blesséierten och um 14.40 Auer tëscht Fléiber an Harel, do war en Auto ëmgetippt.