Am Norde vum LandEen 32 Joer ale Mann gouf dout an enger Scheier fonnt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police en Donneschdeg mellt, gouf d'Läich vun engem Mann fonnt, deen zanter dem 30. Abrëll vermësst gouf.

De Vermësste sollt u sech an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg bei eng Bekannte goen, ass do awer ni ukomm.

En Donneschdeg mellt d’Police, dass d’Läich vum 32 Joer ale Mann an enger Scheier am Norde vum Land fonnt gouf.

Eng Enquête gouf elo an d’Weeër geleet an eng Autopsie ordonéiert.

Back to Top
CIM LOGO