Op eise StroossenEen Auto a Flamen an 2 Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.20 Auer en Dënschdeg den Owend hat en Auto an der Allée John W. Leonard zu Miersch Feier gefaangen.

Eng Persoun gouf hei blesséiert. D’Pompjeeë vu Lëntgen, Miersch a Biissen an d’Ambulanz vu Lëntgen waren hei op der Plaz.

Kuerz viru 17.30 Auer hat en Auto tëscht Walfer an dem Stafelter e Bam ze pake kritt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Jonglënster an d’Pompjeeën aus dem Asazzenter Steesel-Walfer waren op der Plaz.

Ëm 18.10 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi sech zu Beetebuerg an der Route d’Esch en Auto an e Moto ze pake kruten. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Beetebuerg waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO