D'Lëtzebuerger Douane huet 9 Hënn fir sech am Asaz. Viru kuerzem hunn 2 vun hinnen innerhalb vun 3 Deeg bal 2 Milliounen Euro u Boergeld um Findel fonnt, déi net deklaréiert waren.
An Zukunft solle weider Hënn d'Douane bei hirer Aarbecht ënnerstëtzen. Mir hunn d'Muppe mat hire Meeschter begleet an en Abléck a verschidden Trainingssituatioune krut.