Wéi d'Police vu Koblenz matdeelt, war et géint 7 Auer zu der Kollisioun op der B327 tëscht Gödenroth a Kastellaun komm. Anenee gerannt sinn deemno zwee Autoen an ee Linnebus, an deem 19 Leit, dorënner Kanner, dra souzen. Wéi d'Police am Laf vun en Donneschdeg preziséiert huet, ass déi 24 Joer al Fra beim Accident ëm d'Liewe komm. D'Automobilistin wier deemno mat engem Linnebus am Géigeverkéier frontal kollidéiert.
Ënnert de 7 liicht Blesséierte sinn zwee Erwuessener a fënnef Kanner, vun deenen dräi a Spideeler bruecht goufen.
D'Streck ass iwwerdeem weiderhin a béid Richtunge gespaart.
D'Police preziséiert dann nach, datt sech wärend den Ermëttlungen erausgestallt huet, datt zwee bis ewell onbekannt Automobiliste warscheinlech Hiweiser zum Accident maache kéinten. Gesicht gëtt deemno ënnert anerem e Chauffer vun engem klengen Transporter, deen Zeien no den accidentéierten Auto iwwerholl huet. Donieft wier hannert dem accidentéierten Auto e weideren Auto gewiescht. D'Police biet dës Leit sech bei der Polizeiinspektion Simmern ze mellen.