
Mëtt August war et dat lescht Doudesaffer zu Lëtzebuerg.
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 86 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufen 6.039 Tester vu Residentë gemaach.
Aktuell sinn 30 (0) Leit hospitaliséiert, 5 (0) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.190 aktiv Infektiounen. 7.280 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,80.