Coronavirus zu LëtzebuergEen Doudesaffer méi op elo 128, vu 5.263 Tester waren der 54 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 op 128 geklommen ass.
© RTL Archivbild

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 54 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 5.263 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 35 (+9) Leit hospitaliséiert, 1 (-1) Persoun dovunner läit op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.058 aktiv Infektiounen. 7.793 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO