D'Schwéngspescht ass nach ëmmer an Europa. Och wa sech d'Situatioun an onser direkter Noperschaft, méi genee an der belscher Gaume, déi lescht Méint entspaant huet. Romain Schneider:"Dee leschte konkrete Fall an der Gaume gouf am August festgestallt. Bei eis sinn 343 Schwäin getest ginn. All negativ. Dat heescht hei zu Lëtzebuerg hu mer nach kee Fall vun afrikanescher Schwéngspescht. Dat war jo och dat grousst Zil. Do huet natierlech den Zonk, deen am Ufank an der Urgence an duerno perfektionéiert vun der belscher Grenz erof bis op déi franséisch Grenz gezu gouf, e wichtege Puzzelsteen derzou bäigedroen"
Déi puer Honnert Meter, déi den Ament ewechgeholl ginn, sinn déi, wéi de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter op Nofro hi sot, déi ugangs illegal opgeriicht goufen. En Zonk, deen den Ament net méi gebraucht gëtt, sou de Minister.
Déi puer Honnert Meter vum Zonk, déi effektiv gemaach goufen, fir d'Epidemie direkt ewechzehalen, deen Zonk kënne mer elo ewechhuelen. Well mer duerno um Terrain, zesumme mat de Bierger, mat de Gemenge gekuckt hunn, een Tracé ze fannen, deen de Begebenheete besser entsprécht, fir déi Zone Tampon hierzestellen. Do, wou mer elo och all Autorisatiounen hunn, fir deen opzeriichten, sou de Romain Schneider.
Den offiziellen Zonk bleift. Deen iwwerflëssege gëtt, wéi vun Ufank u gefrot, ewechgeholl. Och wann d'Manéier net onbedéngt där Doucer eng ass. Wat och Reaktioune bei de Leit aus der Regioun ausgeléist huet. Duerch d'Urgence bedéngt wieren d'Poteauen net vun der beschter Qualitéit, sou eng vun den Erklärungen. Firwat den Drot u sech net gehal gëtt, ass eng aner berechtegt Fro vu Bierger.