KonsdrefEenzege Lëtzebuerger Déierefudder-Produzent hält mat der Produktioun op

Philippe Dondelinger
D'Entreprise vu Konsdref war den eenzege privaten Déierefudder-Produzent an Europa, déi ouni Genmanipulatioun geschafft huet.
Lëtzebuerger Déierefudder-Produzent mécht seng Dieren zou
E Freideg den 13. war déi leschte Kéier, datt d'Maschinnen zu Konsdref gelaf sinn.

No 27 Joer Produktioun war et schwéier fir de Piet Van Luijk, fir e Nofollger ze fannen. Hien war deen eenzegen an Europa, deen ouni OMG geschafft huet, also ouni Genmanipulatioun. Ma an de 90er war dat nach méi wichteg, wéi elo.

An obwuel et näischt mam Datum ze dinn hat, huet de Piet leschten Freiden, den 13. seng Maschinne vum Netz geholl. Elo këmmert hie sech nach em de Buttek a verkeeft de Rescht vum Fudder, wat iwwereg ass, an dat bis Juni.

Da steet reese beim Piet um Programm, an aneren Wierder ass et elo un der Zäit, fir d'Pensioun ze genéissen.

Back to Top
CIM LOGO