
Dat fënnt d’ADR a proposéiert dowéinst eng ganz Rei Ännerungen, iwwert déi an engem Referendum soll ofgestëmmt ginn. D’Rechter vun de Bierger géingen net genuch gestäerkt ginn. De Rôle vun der Monarchie wier onnéidegerweis geschwächt ginn, esou den Deputéierten a Fraktiounspresident Fernand Kartheiser.
Mam David Gawlik, Jurist a Kandidat fir d’Chamberwalen am Bezierk Zentrum, goufen d’Ännerungen ausgeschafft. Am Fokus sti Fuerderungen, wéi e Recht op Boergeld oder, dass de Grand-Duc d’Chamber kéint opléisen an Neiwalen ofhalen.
Et wier ee sech bewosst, dass d’DP, d’CSV, déi Gréng an d’LSAP, déi déi aktuell Verfassung mat gedroen hunn, net fir eng weider Ännerung wäerte sinn. Ma et géing der ADR awer dorëms goen, e Bäitrag zur Diskussioun ze leeschten. Dowéinst gëtt d’Dokument mam Titel “Proposition de révision de la constitution” och deposéiert, fir am beschte Fall engem Referendum kënnen ausgesat ze ginn. Den David Gawlik an de Fernand Kartheiser betounen, dass hir Partei keng Angscht hätt, sech dem Vott vun de Biergerinnen a Bierger auszesetzen.
D’ADR wéilt och d’Recht, eng Famill ze grënnen (“Toute personne a le droit de fonder une famille”) änneren an op den “droit naturel” verweisen. Dat géing implizéieren, dass homosexuell Koppele keng Kanner dierften adoptéieren. Dozou erkläert de Fernand Kartheiser, dass e Kand keng Wuer dierft sinn, dowéinst wier d’ADR och strikt géint Leihmutterschaften. De Fernand Kartheiser schwätzt an dësem Zesummenhang vu Fraen, déi als “ ‘Gebärmaschinnen’ – fir et drastesch ze soen – mëssbraucht ginn.” Dat wier eng Ausbeutung vu Fraen an eng Kommerzialiséierung vum Kand. Och d’Samenspende gesäit d’Partei kritesch, well all Kand e Recht sollt hunn, seng zwee biologesch Elterendeeler ze kennen. Wat d’Adoptioun ugeet, gouf et keng konkret Äntwert.
De Fernand Kartheiser huet nach präziséiert: “Wann homosexuell Persoune wëllen zesummeliewen an eng Liewensgemeinschaft bilden, da wëlle mir dat natierlech favoriséieren. Mä mir wëllen net eng Kommerzialiséierung vum Kand, do zéie mir eng däitlech Linn.”
Ee weideren, vun de sëllege Punkten, déi d’ADR an der aktueller Verfassung géing änneren, ass d’Recht op déi medezinesch Integritéit. Den David Gawlik huet an deem Kontext d’Beispill vun der Covid-Impfung genannt. Och wann et keng Obligatioun gouf, sech impfen ze loossen, wieren d’Mesuren esou contraignant gewiescht, dass d’Leit sech géint hire Wëlle vaccinéiere gelooss hätten. “Wa mir elo déi Dispositioun an d’Constitutioun rabréngen, dann ass dat an Zukunft net méi méiglech.”
D’Verfassungsrevisioun vun der ADR wier e Freideg an der Chamber deposéiert ginn, esou nach de Fernand Kartheiser géintiwwer der Presse.