Dobäi handelt et sech em eng bemannten Dron, déi am Kader vum europäesche Projet “Airmour”, un deem och déi Lëtzebuerger Entreprise “LuxMobility” deelhëlt, presentéiert gouf.
D’Zil vum Projet “Airmour” ass et, d’Loftraim iwwert de Stied méi sécher an doduerch méi accessibel fir déi urban Mobilitéit ze maachen.
Wéi et um Internetsite vum Projet heescht, wier ee vun de wichtegste Beräicher, an deem déi bemannten Drone kéinten agesat ginn, dee vun der medezinescher Versuergung. Esou kéint d’Dron zum Beispill genotzt ginn, fir trotz dem Trafic um Buedem séier medezinescht Personal an dat néidegt Ekipement op d’Plazen ze bréngen, wou dës gebraucht ginn.