
D’Pëlle vu Pfizer gi sech déi nächst Wochen och hei am Land erwaart - e geneeën Datum wëll de Gesondheetsministère awer net nennen. Wéi et vun der Ministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéiert Nathalie Oberweis (Déi Lénk) heescht, soll d’Medikament an enger éischter Phas aus logistesche Grënn nëmmen duerch Spidols-Apdikten administréiert ginn.