
Beim Accident ass e klengt Kand, dat am Auto souz, zum Gléck just liicht verwonnt ginn. E Bagger war op der Strooss ënnerwee, wéi een Auto entgéintkomm ass. Wéi de Mann mam Bagger gebremst huet, sinn d'Eiseplacken, déi hien transportéiert huet, op den Auto gefall.
