Joresbilan 2021Ekippe vum CHL konnte sech gutt un d'Entwécklung vun der Pandemie upassen

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Joer war nach ëmmer vum Covid dominéiert. Den CHL, de Centre Hospitalier, huet säi Joresrapport vun 2021 publizéiert.
© CHL

Et hätt ee sech awer zejoert gutt un d’Entwécklung vun der Pandemie an un d’Coronamesurë kënnen upassen.

Am Juli d’lescht Joer ass d’Consultatioun Long-Covid am CHL opgaangen, wou 772 Patienten zanterdeem vun enger Behandlung hu kënne profitéieren. Dëst Joer ass en zweeten Dokter an deem Service bäikomm.

Weider gëtt och um neien CHL geplangt. Um Terrain vun der fréierer Maternité gëtt geschwënn en neit Gebai opgeriicht, wou Enn 2028 dat neit Spidol soll opgoen.

Iwwer 174.000 Patiente goufen zejoert am CHL behandelt, knapp 40.000 goufen operéiert an et goufen iwwer 575.000 ambulant Prise en chargen.

Den CHL ass och e grousse Patron am Land, den 11. gréissten. Zejoert hunn eng 2.678 Leit do geschafft.

De PDF mam Communiqué vum Centre Hospitalier iwwert hire Joresbilan.

Back to Top
CIM LOGO