Rappell vun der PoliceElektronesch Parkscheiwe waren a bleiwen zu Lëtzebuerg verbueden

David Winter
Dat ënnersträicht d'Police nach eemol op hirem Facebook-Site.
© Facebook vun der Police

Elektronesch Parkscheiwen si weiderhin zu Lëtzebuerg verbueden, eppes, dat d'Police en Donneschdeg nach eemol op de sozialen Netzwierker betount huet.

Parkscheiwen, déi zu Lëtzebuerg zougelooss sinn, sinn am Code de la Route (Art. 167bis) festgehalen an dierfe keng Elektronik hunn.

Chauffeuren, déi trotzdeem eng elektronesch Scheif benotzen, riskéieren eng Poursuite pénale.

Back to Top
CIM LOGO