Petitiounen hu Seuil vu 4.500 erreechtElteregeld amplaz vun institutionellen Ariichtungen an Ofschafe vu Klappjuegd

RTL Lëtzebuerg
Zwou Petitiounen hunn déi néideg 4.500 Ënnerschrëften depasséiert, fir datt an der Chamber driwwer kann diskutéiert ginn.

Et sinn zwee Sujeten, déi d’Leit schéngen ze beweegen, well se goufe schonn emol op där Plaz thematiséiert Et geet ëm en Elteregeld, datt een zum Beispill manner kéint schaffe goen, fir méi fir seng Kanner do ze sinn. Bei nach 29 Deeg, déi bleiwen, hu scho méi wéi 4.570 Leit ënnerschriwwen.

Donieft hu 4.580 Leit déi Petitioun ënnerschriwwen, déi en Ofschafe vun der Klappjuegd freet.

Déi zwou Petitioune sinn nach 29 Deeg, respektiv 15 Deeg online. D’Ënnerschrëfte mussen natierlech nach kontrolléiert ginn, ob se och all gülteg sinn.

Back to Top
CIM LOGO