Obesitéit kann zu gesondheetleche Problemer, wéi ënner anerem Diabetes, oder Häerz-Kreeslaferkrankunge féieren.
Obese ass een der Weltgesondheetsorganisatioun no, wann de BMI-Wäert méi héich ewéi 30 ass. Allerdéngs misst ee bei Kanner och aner Facteure consideréieren, ewéi reng d’Kiloen an d’Relatioun mat der Gréisst. Dat erkläert d’Dokter Carine De Beaufort, déi Kanner-Diabetologin am CHL ass. Et géif een Obesitéit bei Kanner hei entretemps nom kanadesche Modell vun de 4 M-Gruppen (Métabolique, le Mécanique, le Mental et le Milieu social) definéieren.
Esou kéint een analyséieren, wéi eng iwwergewiichteg Kanner riskéiere géifen, méi uerg krank ze ginn an dofir misste behandelt ginn.
Zënter enger Rei Jore schaffen an deem Kontext d’Kannerklinik vum CHL, d’Jugendpsychiatrie vun den Hôpitaux Robert Schuman an de Rehazenter um Kierchbierg enk zesummen. Et gi verschidde Prise en chargë fir concernéiert Kanner ugebueden.
Virop ginn déi Jonk bei de Service Endocrinologie-Diabétologie Pédiatrique an d’Kannerklinik. Ronn 250 nei Patiente ginn hei all Joers an eng Consultatioun an eng 450 Kanner mat Iwwergewiicht gi pro Joer suivéiert.
Am Rehazenter kënne pro Trimester 30 fettleiweg Kanner a Jugendlecher un engem Programm deelhuelen, wou se haaptsächlech léieren, sech gesond z’ernären a Spaass un der Beweegung ze hunn.
Bei ville Patiente muss awer méi wéi just dat Äusserlecht behandelt ginn. Déi Concernéiert brauche mental Ënnerstëtzung a psychologesch Hëllef, fir de Problem bei der Wuerzel ze paken. Dacks gëtt Iwwergewiicht nämlech duerch en Trauma oder psychesch Problemer ausgeléist oder verschäerft.
Sou war et och beim Olivia Keller. D’Teenagerin hat schonn als Kand staarkt Iwwergewiicht a gouf dofir an der Grondschoul vill gemobbt. Wat et dem Meedche méi schlecht gaangen ass, wat et nach méi giess huet. Dobäi koume schro Asthma-Krisen, déi mat 12 Joer zu enger Hospitalisatioun am CHL gefouert hunn.
Doropshi krut d’Olivia geroden, am Summer 2022 bei engem 8-Woche-Stage an der Kannerpsychiatrie um Kierchbierg matzemaachen. Dat wier net einfach gewiescht z’akzeptéieren, erkläert dat haut 13 Joer aalt Meedchen, mee et hätt do geléiert, besser mat schlechte Phasen ëmzegoen an och anescht z’iessen. Säin Zil ass et weider ofzehuelen.