
Dat ass eng vun de Conclusiounen aus dem Rapport vun der nationaler Kontroll- an Evaluatiounskommissioun, déi zanter der Aféierung vum Euthanasiegesetz 2009 all 2 Joer e Bilan zitt. 2019 an 2020 hunn am Ganzen 41 Leit hirem Liewen een Enn gesat.
Tëscht 2009 an 2018 louch den Duerchschnëtt bei ronn 7 Euthanasien d'Joer an déi lescht 2 Joer bei ronn 20. Eng enorm Hausse deemno, déi d'Presidentin vun der Kontroll- an Evaluatiounskommissioun, d'Riichterin Lotty Prussen, sech duerch een TNS-Ilres-Sondage erkläert, deen am November 2019 lancéiert gouf. 10 Joer nodeems d'Gesetz a Kraaft getrueden ass, wollt een dunn nämlech kucken, wéi d'Lëtzebuerger Populatioun iwwerhaapt zur Euthanasie steet a wéi gutt se dëst Gesetz iwwerhaapt géing kennen.
"Ech mengen déi TNS-Ilres-Etüd ass presentéiert ginn an der Press an dofir ass, mengen ech, d'Conscience vun de Leit e bëssen eropgaangen an och d'Kenntnis am Fong vum Gesetz a vun der Méiglechkeet. An ech mengen, dat huet en Partie op jidder Fall dozou bäigedroen, dass déi Zuel an d'Luucht gaangen ass."
Et stellt ee fest, dass vill Bierger hei am Land guer net wëssen, dass et iwwerhaapt esou ee Gesetz hei am Land gëtt. An dofir géingen och vill Leit fir d'Euthanasie nach ëmmer an d'Ausland goen. Donieft géing et och nach ëmmer eng grouss Konfusioun ginn tëscht enger Patienteverfügung an enger Enn-vum-Liewen-Erklärung.
"Eng Patienteverfügung, dat ass eng Verfügung, déi dir maacht fir ze soen, wat dir als Therapie nach zouloosst, wann dir a verschidde Krankheetsfäll sidd. Dat kann zum Beispill sinn, ob dir nach wëllt hydratéiert ginn, ob der wëllt kënschtlech ernäert ginn, ob dir wëllt beotemt ginn oder ob dir dat net wëllt. Et ass am Fong e bëssen eng Dispositioun géint den eventuellen „acharnement thérapeutique". Eng „Disposition de fin de vie" awer, dat ass, dass dir sot, dir wëllt, wann dir an där oder an där Situatioun sidd, carrément eng Euthanasie kréien oder eng „Assistance au suicide.""
De Gros vun de Leit decidéiert iwwregens, fir eng Euthanasie gemaach ze kréien an net eng Assistance au suicide. 2020 waren zum Beispill 25 Leit, déi hirem Liewen een Enn gesat hunn, dovunner 23 mat enger Euthanasie a just zwou Persounen, déi eng Assistance au suicide ugefrot hunn. Et sinn iwwer d'Jore gekuckt plus/minus gläich vill Männer wéi Fraen, déi d'Euthanasie ufroen, de Gros dovunner och a méi héijem Alter.
Zejoert waren et 12 Persounen tëscht 60 an 79 Joer. 8 Leit iwwer 80. Just 1 Persoun tëscht 20 an 39 Joer a 4 Persounen tëscht 40 an 59 Joer. D'Presidentin vun der Kontroll- an Evaluatiounskommissioun Lotty Prussen gëtt weider Detailer.
"De Gros vun de Fäll ass Kriibs. Dat si Leit, déi Kriibs-erkrankt sinn an ebe wëlle soen „elo geet et duer". D'Souffrancë vun deenen déi Leit begleet sinn, si sou gutt physescher Natur, natierlech dass se ganz vill wéi hunn, respektiv sou limitéiert sinn, eng ganz Rei Saachen net méi kënnen an doduerch wëllen deem een Enn setzen. Dat bréngt och ëmmer mat sech psychescht grousst Leiden, wat eben da beweegt, dee Schrëtt ze maachen. Mir haten och nach am Kader vun de Krankheeten, maladie neuro-dégéneratives oder neuro-vasculaires, awer vill manner."
D'Kontroll- an Evaluatiounskommissioun mécht och eng Rei Recommandatiounen a Reflexiounen. Et wär zum Beispill wichteg, dass hei am Grand-Duché eng spezifesch Euthanasie-Formatioun géing ugebuede ginn, fir dat medezinescht Personal. Donieft bedauert d'Kommissioun dass mëttlerweil och no 10 Joer an no villen Demanden, d'CNS nach ëmmer keng spezifesch Tarifikatioun opgestallt huet, fir d'Soine vun der Euthanasie oder der Assistance au suicide ze verrechnen. Eng aner Delikat Fro ass dann déi vun der Organspend vu Persounen, déi decidéieren, hirem Liewen een Enn ze setzen. Vill Leit géingen hirem Liewensenn domat nämlech gären een anere Sënn ginn, erkläert d'Lotty Prussen.
"Mir hunn eis déi Saach am Fong ugekuckt, an deem Sënn, ob dat iwwerhaapt méiglech ass. Dat schéngt net ganz exclu ze sinn, mee et komportéiert op jidder Fall och op medezineschem Plang ganz spezifesch Strukturen. Et muss ganz séier goen an och Dokteren, déi spezialiséiert wären, fir dat ze maachen. Op jidder Fall d'Belsch an Holland schléissen et net aus."
Aktuell si Mineuren an deemno och Kanner vun dësem Euthanasiegesetz jo ausgeschloss an dierfe keng Demande maachen. Ma d'Kommissioun fënnt awer, dass och hei am Land de Sujet keen Tabu dierft bleiwen, well et eben och hei am Land Kanner ginn, déi leiden a stierweskrank ginn, sou nach d'Presidentin Lotty Prussen. An der Belsch ass d'Euthanasie bei Mineuren a Kanner zanter 2014 iwwregens erlaabt.
D'Lotty Prussen gëtt de Poste vum President vun der Kontroll- an Evaluatiounskommissioun iwwregens elo of un de President vun der Cour supérieur de justice, de Jean-Claude Wiwinius.