
Zu der Stee ass et komm, nodeems d'Post sech weder mat der Gemeng nach mam Fonds du Logement konnt eenegen.
Zanter 2015 ass d'Post jo am gaangen hire Verkaafsreseau ze moderniséieren a Büroen, déi wéineg genotzt ginn, duerch zum Beispill Points poste an Akafszentren z'ersetzen.
Och am Raum Iechternach sinn an de leschte Jore Büroen zougemaach ginn, d’Gebai vu Beefort steet zanter 4 Joer eidel .
Am Ganzen sinn an de leschte Joren 39 vu 97 Postbüroe verschwonnen oder op aner Plaze verluecht ginn.