Solar-Boom beim NeibauËmmer méi Privatleit wëllen déi eegen nohalteg Energie produzéieren

Tim Morizet
Den Undeel un erneierbaren Energien an der weltwäiter Stroumproduktioun huet d'lescht Joer en neie Rekord erreecht.
Solar-Boom beim Neibau
Ëmmer méi Privatleit wëllen déi eegen nohalteg Energie produzéieren

Dat geet aus der neisten “Global Electricity Review” vum britteschen ThinkTank Ember ervir. Wand- a Solarstroum kommen zesummegeholl op 12 Prozent – sou vill ewéi nach ni. 2015 waren et 5 Prozent.

D’EU ass aktuell Spëtzereider: 22 Prozent vun der ganzer Stroum-Produktioun kommen aus de Beräicher Wand a Solar.

Privat produzéiert ëmmer méi

Ma nieft de grousse Solar-Produktiounssitten - wëllen och ëmmer méi Privatpersounen déi eegen nohalteg Energie produzéieren an onofhängeg fonctionéieren a gräifen dofir ganz bewosst deels déif an de Portmonnie.

Viru gutt 10 Joer schonns war et e “Boom” an der Solar-Branche. Ma duerch déi technesch Limitatiounen a wéineg politesch Volontéit, koum dëse relatiivt séier op en Enn. Deier Stroumpräisser, héich Subsiden an d’Suerg virun Enkpäss hunn d’Nofro d’lëscht Joer awer nees ugereegt.

80 Prozent eege Versuergung mat Elektroauto a Wärmepompel?

En Haushalt zu Lëtzebuerg consomméiert an der Moyenne 4.000 Kilowattstonnen d’Joer. Mat Elektroauto a Wärmepompel kommen hei séier 10.000 Kilowattstonnen zesummen. Eng Solaranlag um Daach produzéiert ongeféier 8.000 Kilowattstonnen d’Joer. Iwwert eng Batterie ka sech e Stot – theoretesch - also zu 80% selwer versuergen. D’Clienten hu ganz verschidde Grënn, esou den David Poveromo, Wunnbau-Spezialist: “Engersäits wëlle se vun de Fossillen-Energië fortkommen, ma och de Stroum selwer ze produzéieren. Laangfristeg manner Suen auszeginn a fir manner ofhängeg vun de Fluktuatiounen um Marché ze sinn.”

Aktuell schafft de Spezialist fir ënner anerem Chauffage-Installatiounen zu Uewerkuer. An der Rue Yvonne Useldinger-Hostert gëtt eng ganz nei Cité mat Haiser an Appartementer gebaut. Bei esou muncher Gebai ass um Daach e bësse méi Trafic – e Groussdeel vum Energieverbrauch – souguer fir d’Hëtzen - soll selwer ofgedeckt ginn. Besonnesch dëst an d’nächst Joer kéinten intressant fir d’Installatioun ginn.

Den David Poveromo: “An den nächste Méint wäert d’Offer vu sou Photovoltaik-Installatioune weider eropgoen. An deen Ament wäert d’Produktioun eropgoen, d’Liwwerzäite méi kuerz ginn an d’Präisser lues awer sécher erofgoen.”

E System, deen aktuell vill kascht, am Fall vun Uewerkuer 60.000 Euro. Vun de Solarplacken um Daach, bis zur Wärmepompel am Keller. Subsidéiert gëtt dat Ganzt mat 62 Prozent. Et bleiwen also nach knapp 23.000 Euro.

Zu Lëtzebuerg ginn et knapp 5.000 Photovoltaik- Installatiounen am Residentiell, mat enger Produktioun vun 30 Gigawattstonnen d’Joer. Also genuch, fir Ronn 7.000 Stéit ze versuergen.

Back to Top
CIM LOGO