All Entreprisen, aus alle Sparte vun der Lëtzebuerger Ekonomie kënne mat hiren Iddie bei Luxinnovation kommen. Dat sot d'Sasha Baillie, d'Cheffin vun der Agence fir Innovatioun a Recherche, e Méindeg de Mueren am RTL-Interview.
Am Kader vum 35. Anniversaire vu Luxinnovation war si ons Invité vun der Redaktioun.
Luxinnovation bitt Léisungen an Know-How, fir Entreprisen ze hëllefen, hier Iddien ze developpéieren, fir datt se da gutt preparéiert op de Marché kommen. Och staatlech Finanzhëllefen si méiglech.
Luxinnovations wier e Succès, ëmmer méi Startuppen etabléiere sech zu Lëtzebuerg. Zejoert waren et 400 Dossieren. Dëst Joer wäerten et nach eng 30% méi sinn, sou nach d'CEO vu Luxinnovation, Sasha Baillie.
E Méindeg de Moie war d'CEO vu Luxinnovation eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.