Lëtzebuerger AarbechtsmarchéEmploi ass 2020 ëm 2% geklommen am Verglach mat 2019

RTL Lëtzebuerg
Am Géigendeel zu de meeschten EU-Memberstaaten ass den Emploi am Grand-Duché wärend dem Pandemie-Joer 2020 an d'Luucht gaangen.

Aarbechtsmarché zu Lëtzebuerg - Reportage Chris Meisch

Dat géing awer net bedeiten, dass d'Lëtzebuerger Aarbechtswelt guer net vun der Kris getraff gouf, sou schreift et de Statec e Méindeg de Moien an hirer neister Nott.

Fir dës positiv Entwécklung vun der Aarbechtswelt ginn et och eng ganz Rei Grënn: De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché war och scho virun der Pandemie méi dynamesch wéi a villen anere Länner an déi ekonomesch Aktivitéit konnt besser virugoen, well et hei am Grand-Duché manner Restriktioune gouf. Donieft ginn et och manner vulnerabel Aarbechtsplazen, well hei zu Lëtzebuerg vill kann op Teletravail zeréckgegraff ginn an well et manner befrist Aarbechtskontrakter, also CDDe gëtt wéi am Ausland.

© Statec/Eurostat

De Chômage partiel hätt zwar gehollef, d'Leit an der Aarbecht ze halen, mä d'Ausmooss vun dëser Mesure géing net duergoen fir z'erklären, firwat d'Aarbecht zu Lëtzebuerg besser duerch d'Kris komm ass wéi an den aneren EU-Länner, sou Statec.

PDF: Liest de ganze Communiqué hei.

Back to Top
CIM LOGO