StatecEmploi klëmmt zu Lëtzebuerg ëm 1,6%

RTL Lëtzebuerg
An 2 Secteuren awer ass den Emploi 2020 erofgaangen.
© RTL Archiv

Den Emploi hei am Land ass 2020 ëm 1,6 Prozent an d'Luucht gaangen, dat huet de Statec en Donneschdeg de Moie matgedeelt. No enger staarker Reprise am 3. Trimester, wier d'Beschäftegung am 4. Trimester awer nëmmen nach ëm 0,6 Prozent geklommen.

Grad wéi am 3. Trimester koume méi Frontalieren ewéi Residenten dobäi. D'Zuel vu Lëtzebuerger Salariéë wier souguer ganz e bëssen erofgaange par Rapport zum Trimester virdrun, ëm 0,1 Prozent.

Dass d'Beschäftegung zu Lëtzebuerg trotz Coronakris 2020 geklommen ass, läit virun allem um ëffentlechen Déngscht, mat engem Plus vu 5 Prozent, an um Bausecteur, hei war et plus 3,5 Prozent op e Joer gekuckt.

An 2 Secteuren ass den Emploi 2020 erofgaangen, an der Industrie an am Beräich vum Commerce, Transport, Hebergement a Restauratioun.

Back to Top
CIM LOGO