Op eise StroossenEn Auto accidentéiert an zwou Persounen ugestouss

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Accidenter op eise Stroossen, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Um 21.30 Auer e Freideg den Owend war en Auto an der Avenue de Luxembourg zu Käerjeng orientéiert. D’Ambulanz vun Esch an de Rettungsdéngscht vu Käerjeng waren op der Plaz.

Géint 21.50 gouf dann eng Persoun an der Avenue Victor Hugo an der Stad ugestouss. Hei waren de Rettungsdéngscht an d’Ambulanz aus der Stad am Asaz.

Eng weider Persoun gouf da kuerz virun 9 Auer e Samschdeg de Moien ugestouss. Dat zu Bieles an der Route d’Esch. D’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng war hei op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO