Géint 17.40 Auer huet eng Poubelle gebrannt um CR144 tëscht Kanech a Lenneng a géint 3.22 Auer en elektreschen Apparat zu Hollerech an der Escher Strooss.
Méi spéit, kuerz viru 4 Auer, stoung tëscht Gonnereng a Jonglënster, um Ufank vum Contournement nach en Auto a Flamen. De Chauffer hat wärend der Faart am Beräich vun der Konsol vu sengem Auto e Feier bemierkt an ass stoe bliwwen. Direkt huet hien och d’Rettungsekippe geruff. D’Pompjeeë vu Lënster waren dunn op der Plaz, fir ze läschen. Zeienaussoen no soll et sech heibäi ëm en Elektroauto gehandelt hunn. Dat krut RTL op Nofro hin och confirméiert. Bei all de Bränn ass kengem eppes geschitt.

Da mellt de CGDIS awer och nach en Accident op der A13 a Richtung Schengen am Tunnel Éilereng. Hei krute sech kuerz no 6 Auer zwee Ween ze paken an eng Persoun gouf blesséiert. D’Ekippe vum SaDiff a Käerjeng-Péiteng waren am Asaz.
Am Kader vun der Verkéierssécherheetscampagne, wou de Fokus um Sécherheetsgurt läit, huet d’Police dann och rezent Kontrolle gemaach. Ganzer 49 Verstéiss goufen e Mëttwoch zu Réiden, Sëll an Ettelbréck festgestallt. Véier Mol hat e Chauffer oder Bäifuerer kee Gurt un, 22 Mol huet de Chauffer wärend dem Fueren um Handy gespillt, dräi Mol waren d’Luuchte vum Gefier net an der Rei a bei dräi Autoe war d’Siicht ageschränkt. A fënnef Fäll haten d’Chaufferen net all d’Dokumenter bei sech an dräi Mol war d’Sécherheetsequipement net komplett. Ee Chauffer gouf da protokolléiert, well hie mat Summerpneuen ënnerwee war, obwuel de Wiederkonditiounen no dëst net erlaabt war.