Aus dem PolicebulletinEn Déifstall mat Bedruchsmasch an en Abroch

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg haten 2 onbekannt Täter eng Fra an der Rue Michel Rasquin zu Schëffleng beklaut.

Si hate virginn, Done fir eng karitativ Organisatioun ze sammelen, fir sech esou Zougang zum Haus vun hirem Affer ze verschafen.

Duerno huet ee vun hinnen no engem Glas Waasser gefrot, fir d’Bewunnerin ofzelenken. Wéi d’Fra d’Täter kuerz aus den Ae gelooss huet, fir d’Waasser sichen ze goen, huet ee vun hinnen der Fra hire Portmonni geklaut an ass fortgelaf.

An der Nuecht op e Mëttwoch war géint 1.30 Auer moies an en Haus an der Rue Dr Auguste Schumacher zu Munneref agebrach ginn. Den éischten Informatiounen no sinn d’Täter duerch d’Garage an d’Haus komm an hunn en Auto duerchwullt. Nodeems d’Bewunner si iwwerrascht hunn, si si geflücht.

A béide Fäll huet d’Police eng Enquête an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO