10 komplett nei GesiichterEn Dënschdeg gi 46 Deputéierter an der Chamber vereedegt

Roy Grotz
Wann en Dënschdeg 46 nei Deputéiert um Krautmaart vereedegt ginn, kréie verschidden Fraktiounen och eng nei Sëtzplaz am Parlament zougewisen.
© Didier Weber/RTL

Déi 4 gréng Deputéiert plënnere bei d’Piraten an déi Lénk, déi och keng Fraktiounsstäerkt hunn a vir riets vun der Plaz vum Chamberpresident sëtzen. Hire Bänknoper bleift d’Regierungspartei CSV mat hiren 21 Deputéierten. Lénks vum Perchoir aus gesinn, sëtzt dann d’ADR-Fraktioun mat 5 Deputéierten, déi also muss plënneren. Hei sinn d’Nopere mat der LSAP an der DP-Fraktioun déi selwecht wéi ewell d’lescht Legislatur-Period. En Dënschdeg gi wéi gesot 46 Deputéiert vereedegt - dorënner 10 komplett nei Gesiichter. Déi 14 Ministeren, déi zeréckgewielt goufen, féieren d’Regierungsgeschäfter weider, bis datt déi nei schwaarz-blo-Regierung assermentéiert ass - eréischt da gi si vereedegt, wa si dann net sollten an der neier Regierung vertruede sinn, wat jo nëmme fir DP-Politiker ka gëllen.

3 Ministere goufe jo net méi zeréckgewielt a sinn domat guer net méi um Krautmaart vertrueden: dëst sinn den DP-Minister Marc Hansen, grad wéi d’gréng Ministeren Henri Kox a Claude Turmes.

D’Presidence en Dënschdeg iwwerhëlt net de Fernand Etgen, mee mam CSV-Député-Maire Michel Wolter den Déngschteelsten, dee vun de jéngsten Deputéierte Liz Braz (LSAP) a Luc Emering (DP) assistéiert gëtt. De Michel Wolter gëtt viru senger Charge iwwerdeem vum Lydie Polfer vereedegt, déi zweet-déngschteelst Doyenne an der Chamber ass.

Back to Top
CIM LOGO