ElektromobilitéitKlimabonus Mobilitéit a Bornen op 4 Joer verlängert fir méi "Previsibilitéit"

François Aulner
Marlène Clement
De sougenannte Klimabonus "Mobilitéit a Bornen" - staatlech Subventioune fir Elektrogefierer gouf ugepasst a bis Mëtt 2030 verlängert.
© MECB

Donieft gëllt, ewéi beim Klimabonus "Wunnen", vum 1. Januar un d'Prefinanzéierung. Dat alles huet d'Chamber scho gestëmmt, ma haut huet den Ëmweltminister Serge Wilmes déi nei Regimmer virun der Press erkläert.

Klimabonus Mobilitéit a Bornen op 4 Joer verlängert fir méi "Previsibilitéit"
De sougenannte Klimabonus "Mobilitéit a Bornen" - staatlech Subventioune fir Elektrogefierer gouf ugepasst a bis Mëtt 2030 verlängert.

Déi wichtegst Subventiounen

  • 6.000 Euro (*) fir en Elektroauto, dee manner wéi 16 Wattstonne pro Kilometer verbraucht;
  • 3.000 Euro (*) fir Elektroautoen, déi manner wéi 180 Wattstonne pro Kilometer verbrauchen oder manner wéi 200 Wattstonne pro 100 Kilometer an ënner 150 Kilowatt Leeschtung hunn;
  • 6.000 Euro (*) fir Elektroautoen mat 7 Plazen;
  • 6.000 Euro (*) fir Elektrocamionnetten;
  • 1.000 Euro (*) fir elektresch Quadricyclen, Motorrieder a Mofas;
  • 1.500 Euro fir Occasiouns-Elektroautoen.

(*) Dës Subventioune si bei 50 Prozent vum Präis ouni TVA plafonéiert.

Well si kruzial fir d'Elektromobilitéit sinn, ginn och Opluedstatiounen, oder "Bornen", weider subventionéiert:

  • 750 Euro fir einfach Bornen;
  • 1.200 Euro fir intelligent Bornen;
  • 1.400 Euro fir bidirektional Bornen (nëmme bis den 1. Januar).

Nei sinn d'Subventioune vu bis zu 40.000 Euro fir kollektiv Systemer a Residenzen. All d'Subside fir Bornen si bei 50 Prozent vum Präis ouni TVA gedeckelt.

"Droit à la borne" soll Blockagen a Syndicë léisen

Fir op Blockagen an de Syndicaten – also tëscht de Proprietären – ze reagéieren, huet den Ëmweltminister och ugekënnegt, datt säi Regierungskolleeg Lex Delles als Energieminister e Gesetzprojet wäert presentéieren, fir d'"Recht op d'Borne" anzeféieren.

Vum Serge Wilmes gouf een och gewuer, datt den Ëmweltministère eng Etude an Optrag ginn huet, fir ze kucken, wéi een d'Locatairë méi an d'Transitioun op Elektrogefierer kéint abannen oder ënnerstëtzen.

D'Haaptzil vun der Verlängerung a vun den Upassungen ass et, de Leit an de Betriber méi Previsibilitéit ze ginn. Op d'Fro, ob een net méi Zoulaf zu Elektroautoen duerch zäitlech begrenzte Subside kéint erreechen, huet de Serge Wilmes geäntwert: "Et ass awer an der Psychologie vun eise Matbierger an och vun eise Betriber als Regierung wichteg, datt ee seet, wou d'Rees higeet."

D'Erfarunge vum Ministère a vum Secteur hätten nämlech gewisen, datt eng fréier Baisse vun de Subventiounen keen Impakt gehat hätt. Vill méi wichteg wieren déi technesch Froen, déi sech d'Leit stellen, zum Beispill iwwer d'Autonomie.

Subsiden, mee och CO2-Tax

Méi Previsibilitéit also. Previsibel ass awer och schonn, datt d'Klimaziler net erreecht ginn. De Serge Wilmes huet awer verséchert, d'Regierung géif dës weider am A behalen a wéilt se och laangfristeg erreechen.

Een Zil ass, datt Elektrogefierer bis 2030 49 Prozent vum Fuerpark ausmaachen. Den Ëmweltminister erhofft sech vill vun den neie Klimabonussen a vun der Prefinanzéierung. Dës wieren Deel vun engem "Gesamtpak", zu deem och de Leasing social gehéiert. Dovunner kënne Stéit profitéieren, déi de Complément vie chère kréien.

Méi contraignant Mesurë fir d'Transitioun ze fërderen, sinn d'CO2-Tax, déi graduell klëmmt, an den ETS-2-System, déi fossil Energien nach méi deier maachen.

PDF Klimabonus Mobilitéit

Back to Top
CIM LOGO