
D’Täter haten hei wuel d’Terrassendier opgebrach a waren esou an d’Haus erakomm. Duerno hate si d’Haus no Wäertgéigestänn duerchsicht a Bijoue geklaut.
Weiderhi war dann tëscht 17.10 an 21.45 Auer zu Diddeleng an der Rue de la Libération agebrach ginn.
A béide Fäll gouf eng Plainte entgéintgeholl an d’Spueresécherung war op der Plaz.