Fir puer MinuttenEn Donneschdeg de Moie gouf et eng gréisser Stroumpann am Süde vum Land

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem technesche Probleem am Transformater-Poste vu CREOS zu Schëffleng haten eng 9.000 Privat-Cliente keen Elektresch.

Geschitt war dat Ganzt um 6.08 Auer.

No nëmme 4 Minutte war de Problem an de Gemengen Esch an Zolwer behuewen.

13 Minutten huet et dogéint gedauert zu Monnerech, Wickreng, Elleng, Recken Mess, Riedgen, Lampech, Suessem, Piisseng, Schëffleng, Biergem, Hunchereng, Näerzeng, Fenneng, Steebrécken, Leideleng, a Féiz.
Och d’Stroosse-Luuchte ware betraff.

Back to Top
CIM LOGO