
Den illegale Cannabis, deen d’Ekipp vum LNS ënnersicht huet, gouf an de leschte Jore vun der Police saiséiert.
A ronn all Drëtt Prouf goufe Mykotoxinne fonnt. Dëst si Gëftstoffer, déi vu Schimmelpilze produzéiert ginn a Mënsche krank maache kënnen. An ze héijer Konzentratioun kënne Mykotoxinnen d’Immunsystem schwächen, neurotoxesch Erkrankungen, d’Entwécklung vun Allergien, Longenentzündungen a Kriibs fërderen. An dëse Prouwe gouf virun allem Ochratoxin fonnt, eng Gruppéierung vu Mykotoxinnen.
An de Cannabis-Prouwe vum LNS war d’Konzentratioun vun dëse Gëftstoffer allerdéngs ënnert dem maximale Wäert, dee vun der EU allgemeng a Liewensmëttel zougelooss ass.
“D’Konzentratioun schwankt tëscht 1,0 und 16,2 µg/kg a louch am Duerchschnëtt bei 4,30 µg/kg. Am Verglach: Dee vun der Europäescher Kommissioun festgeluechten zougeloossenen Héchstwäert fir Ochratoxin a Liewensmëttel fir de mënschleche Gebrauch läit bei 15-20 µg/kg. D’Ënnersichung huet keen Ënnerscheed erginn tëscht Cannabis-Prouwen (gedréchent Bléien) an Haschisch-Prouwen (haarzegen Extrakt aus Cannabis-Bléien)”, sou Explikatioune vum LNS.