Och an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg ginn et Leit, déi keng Sozialversécherung hunn a sech et net leeschte kënnen, bei den Dokter ze goen. Médecin du Monde sëtzt sech fir genau déi Léit an. 2016 hat d’Hëllefsorganisatioun hiren éischte Cabinet social zu Esch opgemaach. Den 8. August dëst Joer ass een an een neit Lokal , net wäit ewech vun der Escher Gemengeplaz geplënnert.
Méi grouss méi modern a besser placéiert, dat sinn nëmmen 3 Wierder, wéi een déi néi Lokaler beschreiwe kann. Virdrunner ware si an der Rue d’Audun, do ware si awer net gutt placéiert an d’Plaz ass der grousser Nofro net méi gerecht ginn. Elo mat de Lokaler op e puer Meter vun der Gemengeplaz, si si méi visibel an d’Leit fannen de Wee och vill méi einfach.

Dr. Bernard Thill - Président vu Medecin: “Wéi ee vun eisen Donateure gesot huet, mir waren do éischter marginaliséiert, esou wéi de Leit, déi mir betreien. Elo si mir an den neien a grousse Raimlechkeeten. Dëst valoriséiert natierlech och d’Leit, déi bei eis kommen. Mir si matten am Zentrum vun Esch an net méi marginaliséiert.
Zanter dem Plënneren huet d’Zuel vun de Patiente sech verduebelt. Dofir proposéiere si och vun November un eng zweet Consultatioun an der Woch, dëst wäert Méindeg Nomëtteg sinn. Fir all déi Patienten ze empfänken, gëtt et an den neie Lokaler och elo eng Salle d’Attente. Wat beim engem normalen Dokter eng Selbstverständlechkeet ass, ass fir Doktere vun der Welt eppes wat si esou virdrunner net haten.
Dr. Bernard Thill: “Mat den neie Raimlechkeeten hu mir eng Salle d’Attente fir d’Leit. Si kënne sech ënner Daach setzen. Dat war virdrunner net de Fall, si hunn op der Strooss gewuard. Dat ass och leider nach ëmmer zu Bouneweg de Fall. Hei zu Esch hu mir elo erem eng Salle d’Attente, wou d’Leit würdeg empfaangen ginn.”
Och wann d’Adress gewiesselt huet, bleiwen hir Aufgaben nach ëmmer déi selwecht, dofir verdeele si och zanter dem 9. Oktober sougenannte sozial Mäntel un d’Leit, déi op der Strooss wunnen. Dëst si Mäntel, déi als Schlofsäck ëmfonctionéiert kënne ginn. No engem Gespréich mat enger Assistente sociale, kréien d’Leit déi Jackett zu Verfügung gestallt, déi si, wa se futti oder dreckeg ass, ersat kënne kréien. Wann d’Temperaturen ze waarm sinn, kann déi Jackett esouguer wéi ee Rucksak um Réck gedroe ginn.
Am meeschte gefrot ass psychologesch Hëllef, hei misst onbedéngt vu staatlecher Säit eng fest Plaz ugebuede ginn, seet den Dr. Bernard Thill, dee laang dobäi ass an déi Aarbecht, grad wéi déi aner Membere vun der Equipe, op reng fräiwëlleger Basis mécht.