StatecEn Teenager zu Lëtzebuerg kascht seng Famill op d'mannst 700 Euro de Mount

RTL Lëtzebuerg
De Statec huet ausgerechent, wéi vill Budget e jonke Mënsch tëscht 15 an 18 Joer braucht.
© Shutterstock

593 Euro wären et an der Moyenne fir e Jong vu 15 Joer, knapps 100 Euro méi – 698 Euro - fir en typescht Meedche vu 17 Joer. Dat fir “korrekt” bei sengen Elteren ze liewen, sou de Statec. D’Berechnunge ginn op d’lescht Joer zréck. Déi 100 Euro Ënnerscheed ass op den Alter zeréckzeféieren, well Jugendlecher mam Führerschäin méi Sue am Beräich vun der Mobilitéit ausginn.

Elo mat der Inflatioun wieren et tëscht 33 an 39 Euro méi.

An deem Budget sinn net déi gemeinsam Käschte vum Stot matagerechent wéi de Loyer zum Beispill. Mä et geet ëm Iessen, Kleeder, Fräizäit, Schoul, Multimedia a Mobilitéit.

PDF: Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO