Internationalen Dag vun de rare KrankheetenEn Temoignage vun enger Betraffener

Fanny Kinsch
Christophe Hochard
E Sonndeg war den internationalen Dag vun de rare Krankheeten. Et gëtt geschat, datt zu Lëtzebuerg 30.000 Mënsche mat enger rarer Krankheet liewen.

Et gëtt vun enger rarer Krankheet geschwat, wa manner wéi 1 vun 2.000 Persounen dovu betraff sinn. E groussen Deel vun dëse rare Krankheeten hunn eng genetesch Originn, se si chronesch a progressiv. Dacks dauert et laang, bis een déi richteg Diagnos huet an et gëtt meeschtens keen Traitement.

Duerch d'Corona-Kris ware vill Leit mat enger rarer Krankheet am leschte Joer isoléiert, well si besonnesch vulnerabel sinn. Fir ze weisen, datt u si geduecht gëtt, huet de Gesondheetsministère an Zesummenaarbecht mat der Associatioun Alan dës Woch eng Aktioun lancéiert mam Numm "Light It Up".

Zanter e Mëttwoch ginn eng Rei Gebaier owes faarweg beliicht, dorënner de Waassertuerm um Ban de Gasperich an der Stad, d'Colonnes des Nations zu Schengen, de CHL, de Chem an de Rehazenter.

PDF: De Programm vun der Journée internationale des maladies rares 2021

Back to Top
CIM LOGO