Unesco Global Geopark MëllerdallEn Tour duerch de Musée Henri Tudor

Christophe Hochard
2009 huet de Musée Henri Tudor seng Dieren zu Rouspert/Mompech opgemaach. Hei kritt een en Abléck an d'Aarbecht vum Lëtzebuerger Ingenieur.

De Musée Henri Tudor zu Rouspert/Mompech gëtt et zanter 2009. Am fréieren Haus vum Ingenieur ass d’Ausstellung ënnerbruecht. Et ass eng interaktiv Expositioun, wou ee souwuel eppes iwwer d’Liewe vum Henri Tudor gewuer gëtt ewéi och iwwert seng Faszinatioun fir d’Elektresch.

Reegelméisseg ginn hei och Aktivitéite fir Kanner ugebueden. An Ateliere kréie si en Abléck an d’Aarbecht vum Lëtzebuerger Ingenieur.

Unesco Global Geopark Mëllerdall: En Tour duerch de Musée Henri Tudor
2009 huet de Musée Henri Tudor seng Dieren zu Rouspert/Mompech opgemaach. Hei kritt een en Abléck an d’Aarbecht vum Lëtzebuerger Ingenieur.

Op ass de Musée vu mëttwochs bis sonndes tëscht 14 a 17 Auer.
Wärend de Summerméint (Juli/August) kann een all Dag vu moies 10 Auer bis owes 18 Auer en Tour duerch d’Ausstellung maachen.

E weidere Sujet iwwer den Henri Tudor

Henri Tudor
Mat sengem perfektionéierte Bläi-Akkumulator huet den Henri Tudor zu de Pionéier vu senger Zäit am Beräich vun der elektrescher Energiespäicherung gezielt.

Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - Op de Spuere vun der Geologie
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - Flott Ausstellung zu Beefort
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - D’Steekaul, ee vun 22 Geotopen
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark – Groussregioun: Natur a Geologie
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark – Groussregioun: Ënnerwee an de belschen Ardennen

Back to Top
CIM LOGO