
AgriMeteo huet e Mëttwoch seng meteorologesch Analys vum Zäitraum 1. Juni 2021 bis 31. August 2021 publizéiert. Analyséiert goufen d'Donnéeë vun 32 Wiederstatiounen. Aus der Analys geet ervir, dass dëse Summer am Schnëtt 0,5 Grad méi kal war wéi déi lescht puer Juni-, Juli- an Augustméint. Dat eenzegt Joer, an deem méi Nidderschlag erofkomm ass, war 1931 mat 388mm. Donieft gouf an der Stad en neie Rekord op d'Bee gestalt: Do goufen 397mm Reen enregistréiert. Ausserdeem war de Summer 2021 zu Käerch, Wëntger a Mamer de reeneregsten zanter 1951.

De Juni war am Duerchschnëtt méi waarm wéi soss mat Temperatur-Spëtzten an der zweeter an drëtter Woch, déi zu lokalen Donnerwieder an iwwerméissegem Ree gefouert hunn. De Juli dogéint gouf vun ënnerduerchschnëttlechen Temperaturen a Reerekorder gepräägt. De Juli 2021 war nämlech den naassten zanter den éischten Opzeechnungen am Joer 1854 mat engem Iwwerschoss vun 193mm an der Moyenne. Bei de schroen Iwwerschwemmungen de 14. Juli hunn déi 32 Wiederstatiounen tëscht 62,6mm Reen zu Rëmerschen an engem neie Rekord vun 105,8mm zu Guedber gemooss. Mat Bléck op de Juli huet de Wieder-Zerwiss vun der Agrar-Verwaltung Asta festgestallt, dass d'Temperaturen ënnert dem saisonalen Duerchschnëtt louchen an et trotz dem Reen a villen Deeler vum Land liicht ze dréche war.

Wéinst dem ze kalen an ze naasse Wieder koum et och zu Retarde bei der Recolte vun de Kären, déi notamment am Éislek nach net ofgeschloss ass.