LGS ScoutscampEn Zeltduerf fir 10 Deeg Aventuren

Diana Hoffmann
"Terraviva" ass dëst Joer den nationale Scoutscamp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) iwwerschriwwen. E Sonndeg war den Dag vun de Visitten.
LGS Scoutscamp: En Zeltduerf fir 10 Deeg Aventuren
“Terraviva” ass dëst Joer den nationale Scoutscamp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) iwwerschriwwen. E Sonndeg war den Dag vun de Visitten.

10 Deeg laang dauert den nationalen AvEx-Camp zu Ettelbréck, un deem 410 jonk Scouten tëscht 11 a 14 Joer deelhuelen. Encadréiert si si vun enger 250 Scoutcheffen an 170 Persoune vun der Organisatioun.

Zanter e Méindeg sinn déi sougenannten AvEx, wat fir Aventuren an Explorer steet, elo schonn am Camp. Ee vun den Highlights, den 2 Deeg Hike, hu se schonn hannert sech, erkläert de Campchef Christopher Sirres, dee schonn zanter iwwer 20 Joer an de Scouten ass. Mä och divers Atelieren, eng Olympiad an ee weideren Highlight, den Escape-Room an e puer Zelter, stinn um Programm.

Den 12 Joer alen Tristan erzielt, dass him den Hike bis elo extrem gutt gefall huet. Erstaunt ass hien, dass en do esouguer besser geschlof hätt wéi am Camp selwer. Nieft Aventurë wéi dëser versichen d’Scoutscheffen, deene Jonken awer och méiglechst vill bäizebréngen. “Mir versichen, hinnen e Sënn fir Respekt a fir Responsabilitéit, souwuel géigeniwwer der Natur, wéi och anere Mënsche mat op de Wee ze ginn”, erkläert de Camp-Souschef Antoine Berchem.

43 verschidde Scoutsgruppe sinn op 4 verschidde Campen um Site vu 500 Meter Längt an 150 Meter Breet opgedeelt. Dës stinn ënner 4 verschidde Mottoen: Äerd, Loft, Feier a Waasser.

Nach bis en Donneschdeg dauert de Camp, ier dat klengt Zeltduerf zu Ettelbréck nees wäert verschwannen.

Back to Top
CIM LOGO