Avis vum CHFEPEneps-Direktesch-Plaz net fir Leit aus dem Privatsecteur opmaachen

RTL Lëtzebuerg
An hirem Avis ass d'Chamber vun de Fonctionairen a Staats-Employéen si géint d'Opmaache vun der Direktesch Plaz bei der Sportslycée.

Ënner anerem sollt duerch de Gesetzestext 7708 et méiglech sinn, fir Kandidaten aus dem Privatsecteur op d'Plaz vum Direkter vun der l'École nationale de l'éducation physique et des sports ze setzen. Änleches war jo schonn fir aner Lycéeën an den Texter 7658 a 7662 ugeduecht. Dee Leschtgenannte gouf jo no vill Kritik aus der Politik an och der Fonction publique vum Minister Claude Meisch vum Ordre du Jour vun der Chamber geholl.

D'CHFEP ass dann och géint d'Opmaache vun der Direktesch Plaz am Sportslycée. D'Chamber fäert, datt een dermadder e Präzedenzfall géif schafen, fir an Zukunft dëst generell an der Fonction publique ëmzesetzen.

PDF: De kompletten Avis vun der CHFEP

Back to Top
CIM LOGO