Energetesch sanéierenEnergieberoder hëllefen, den Energieverbrauch vu sengem Haus ze optiméieren

Isabelle Henschen
Wat kann ee maachen, fir méi confortabel an energieeffizient ze wunnen? D’Äntwert dorobber kënnen engem Energieberoder ginn.
Energetesch sanéieren
Eng gratis Energiegrondberodung kann ee bei myenergy kréien. 6 verschidde Beroder sinn an deem Kader an alle Gemengen am Land ënnerwee.

Eng gratis Energiegrondberodung kann ee bei myenergy kréien. 6 verschidde Beroder sinn an alle Gemengen am Land ënnerwee, fir bei de Leit doheem eng Berodung sur place ze maachen. An de leschte 5 Joer ass d'Nofro ëm 30-40 Prozent geklommen. Dacks hätten d'Leit Virurteeler, wat energetesch Renovatiounen ugeet, zum Beispill d'Angscht viru Schimmelbildung. Äntwerten op déi 10 Virurteeler géigeniwwer der energetescher Sanéierung fënnt een op hirem Site.

Entscheet ee sech fir eng energetesch Sanéierung kann ee vu Primme vum Ëmweltministère profitéieren. Dës sinn allerdéngs un eng Berodung bei engem zertifiéierten Energieberoder gekoppelt.

© myenergy

Dës komme sech d'Haus ukucken, analyséieren déi thermesch Hüls a maache fir all Baudeel Propose fir Verbesserungsmoossnamen. An engem detailléierte Rapport gesäit een da, wat fir energetesch Gewënner een domadder mécht, wat d'Mesure kascht an a wéi eng Energieklass ee fält no de Renovéierungsaarbechten.

Entscheet ee sech fir ökologesch Materialien, sinn d’Primme méi héich. Déi aktuell Primm kann ee sech um Internetsite clever-primes.lu oder an der Myrenovation-App ukucken. Vu Januar un ass dann en neie Bäihëllefprogramm a Kraaft, deen awer nach net genee feststeet. Primme fir energetesch Sanéierunge wäerten et da bis mindestens Enn 2025 ginn.

Back to Top
CIM LOGO