A Punkto Kompetitivitéit ass den Diagnostic gemaach, mee et muss méi séier goen. Dat war den Haaptmessage en Donneschdeg um Industry Day vun der Fedil. D'Vertrieder vun der Lëtzebuerger Industrie haten iwwer 250 Leit zu Hollerech agelueden, fir iwwer d'strategesch Autonomie ze schwätzen. An anere Wierder: Europa an enger Welt, déi sech geännert huet, manner ofhängeg vun aneren ze maachen.
Wou fréier den Ditch war an elo den Nightclub Chouchou ass, war et en Donneschdeg de Mëtteg schonn "no Mëtternuecht", sou den Éieregaascht vum Industriedag 2026, d'Tanja Gönner, Generaldirektesch vum Bundesverband der Deutschen Industrie (BDI). "Nur wenn wir wettbewerbsfähig sind, werden wir diese Auseinandersetzung, die gerade auf den Weltmärkten stattfindet, auch gewinnen können", esou d'Tanja Gönner.
Fir kompetitiv ze ginn, missten d'Energiepräisser duerch d'Transitioun erofgoen an d'Iwwerreguléierung ofgebaut ginn. De Frederik Debrabander vun Deloitte, fréieren Ingenieur, huet drop higewisen, datt an Europa grouss Betriber een Drëttel méi Leit fir administrativ Aufgabe bräichten ewéi an den USA a carrement zéng Mol méi ewéi a China.
D'Tanja Gönner huet dofir plädéiert, datt ee méi Vertrauen an déi Betriber soll hunn, déi d'Reegelen um Enn ëmsetze mussen. D'Industrie géif selwer Regulatioune froen, notamment sougenannt Level Playing Fields, also gläich Reegele fir jiddereen. Allerdéngs misst ee sech beim Reguléieren och an d'Haut vun deem versetzen, deen déi Reguléierung duerno muss ëmsetzen.
Amplaz all Detail virzeginn, sollt d'Politik hirer Meenung no éischter e klore Kader an Ziler definéieren. Dat géif de Betriber méi Spillraum ginn, fir sech op Innovatioun an d'Entwécklung vun neie Produiten ze konzentréieren, amplaz sech un der Bürokratie "ofzeschaffen".
Dat gëllt fir d'Gönner och bei der Energietransitioun. Um europäeschen Zil, bis 2050 klimaneutral ze ginn, gëtt net gerëselt. Kritesch gesäit d'BDI-Cheffin awer, datt ëmmer méi detailléiert festgeluecht gëtt, wéi eng Secteuren dëst Zil wéi erreeche sollen.
D'Politik sollt d'Zil virginn, d'Betriber awer selwer entscheede loossen, mat wéi engen Technologien si dohinner kommen. Parallel misst gekläert ginn, wéi eng Infrastruktur dofir gebraucht gëtt, wien dofir responsabel ass a wéi se finanzéiert gëtt.
Mol kee Fënneftel vun de Pisten aus dem Draghi-Rapport oder der Antwerpener Erklärung vu virun iwwer zwee Joer, fir notamment Regulatiounen ofzebauen, wier ëmgesat, huet et en Donneschdeg geheescht. De President vun der Lëtzebuerger Fedil, Alex Schumann, sot: "Mir wëssen, wat mer musse maachen. Mir mussen endlech ufänken." Hien huet sech gefrot, ob et wéinst engem Manktem u Koordinatioun net géif virugoen oder well eenzel Länner un hiren nationalen Interessi festhalen.
Fir datt Europa seng Stäerkt als ee vun de gréisste Marchéë vun der Welt besser ausspille kann, misst et dem Schumann no "méi Unioun an der Unioun" ginn. Besonnesch bei der Energie huet Lëtzebuerg dobäi nëmmen e limitéierte Spillraum: D'Land hänkt um däitsche Stroumnetz an um belsche Gasnetz. Dofir wier et wichteg, datt déi Lëtzebuerger Positiounen och zu Bréissel gehéiert ginn.
Dat Bescht, wat ee kéint maachen, wier un der Wirtschaft ze schaffen, esou den Alex Schumann mat Bléck op déi rezent politesch Entwécklungen an Europa. Eng Wirtschaft, déi gutt dréint an där de Wuelstand bei de Leit ukënnt, wier senger Meenung no och ee vun de beschte Mëttelen, fir extreme politesche Stréimungen de Buedem ze entzéien. Kompetitivitéit wier dowéinst net nëmmen en Thema fir d'Patronen, mee fir d'Gesellschaft insgesamt.
D'Tanja Gönner, déi vun 2004 bis 2011 CDU-Ministerin a Baden-Württemberg war, sot hir Roll als Vertriederin vun der Industrie wier et, op déi Kaderen hinzeweisen, déi ee fir eng erfollegräich Wirtschaft brauch.
Si huet an deem Kontext drop higewisen, datt "eng Partei, déi fir en Austrëtt aus dem Schengen-Raum ass, géint den Euro ass an e Problem mat auslänneschen Aarbechtskräften huet, net dem Interessi vun enger exportorientéierter däitscher Industrie déngt."
Vun de Vertrieder vun der Industrie gouf et dës Kéier keng gréisser Bedenken iwwer d'Lounkäschten. Als positive Punkt goufen dogéint d'Handelsaccorden ervirgehuewen. De Schumann gesäit hei ee vun de Beräicher, an deenen Europa an de leschte Joren effektiv virukomm ass.
Hien huet dobäi d'Verbindunge mat Südamerika genannt, d'Entwécklunge mat Indien an och Kanada, dat fir Europa zu engem ëmmer méi interessanten Handelspartner géif ginn. Dat wier e "Liichtbléck" an engem Ëmfeld, an deem bei anere wichtege Reformen nach ëmmer ze wéineg géif geschéien.